Diddeleng a SchëndelsZwee Blesséierter an Accidenter e Samschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter e Samschdeg de Moien. E Freideg den Owend gouf et iwwerdeems och e puer méi kleng Bränn.
© Gael Arellano

Um 6.20 Auer sinn zu Diddeleng zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Um 9.30 Auer sinn och zu Schëndels zwee Gefierer net laanschtenee komm. Och hei ass ee Verwonnten ze notéieren.

E Freideg den Owend hunn d’Pompjeeën uechter d’Land dann och nach wéinst e puer méi klenge Feiere missen ausrécken. Eng Poubelle an der Uewerstad, Knascht am Grond an eng Schminni zu Gasperech hate gebrannt. Vun Näertrech huet de CGDIS dann nach e puer ondefinéiert Objete gemellt, déi gebrannt haten. Blesséierter gouf et bei dëse Bränn net.

Back to Top
CIM LOGO