CR358Zwee Blesséierter bei Accident an der Keiwelbaach

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 16.30 Auer huet et an der Keiwelbaach tëscht zwee Autoe geknuppt.
© RTL (Archiv)

Eng Ambulanz aus der Nordstad an eng aus der Fiels waren op der Plaz, fir sech ëm déi zwee Blesséiert ze këmmeren.

Och op der Baaschtnecher Strooss zu Donkels sinn zwee Autoen net laanschtenee komm, dat géint 14 Auer. Eng Persoun gouf blesséiert, zwou Ambulanze vu Wolz waren op der Plaz.

Zu Fréiseng op der Lëtzebuerger Strooss war géint 13 Auer een Auto mat engem Bus kollidéiert an et gouf ee Blesséierten, wärend an der Mëttesstonn zu Klierf op der Route d’Urspelt een Auto mat engem Camion zesummegeknuppt ass. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO