Tëscht Sandweiler a ConterZwee Blesséierter bei Accident tëscht dräi Autoen

RTL Lëtzebuerg
Um 12.10 Auer e Méindegmëtteg krute sech um CR234 tëscht Sandweiler a Conter dräi Autoen ze paken.

Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vu Lëntgen an aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Sandweiler.

Iwwerdeems huet et am Laf vum Nomëtteg zwee Mol gebrannt. Géint 14.35 Auer hat e Koup Knascht Feier gefaangen a ronn eng Stonn drop hat d’Isolatioun vun engem Daach an der Avenue de la Gare an der Stad gebrannt. Béid Kéiere blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO