
Hei ass bei engem Accident mat engem Gefier eng Persoun blesséiert ginn, dat am fréie Moien um 6.37 Auer. Am Asaz waren d’Secouriste vu Mamer a Kielen.
Um 9.17 Auer koum et dann nach op der N22 tëschent Biissen a Béiwen zu engem Accident. En Auto war hei am Gruef gelant, woubäi et och ee Blesséierte gouf. D’Rettungsekippe vu Biissen a Réiden waren op der Plaz.