A3/A31 Héicht Suuftgen (FR)Zwee Blesséierter bei Kollisioun tëscht 3 Autoen

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS waren e Méindeg op zwee verschidden Accidenter geruff ginn. Op der A3 Richtung Frankräich gouf et 2 Blesséierter, zu Esch 1.
© RTL

Wéi den 112 schreift, hat et e Méindeg kuerz no 15 Auer op der A3 op der Héicht Suuftgen (FR) tëscht 3 Autoe geknuppt. Zwou Persoune goufe beim Accident blesséiert a vun de Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng versuergt. Duerch den Accident hat et Réckstau vum Grenzberäich bis bei d’Beetebuerger Kräiz ginn. Och nodeems den Accident kuerz viru 17 Auer geraumt war, gouf et nach Zéifloss.

Zu Esch an der Rue du Fosse war eng Persoun blesséiert ginn, wéi zwee Ween net laanschtenee koumen. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Esch an d’Ambulanciere vu Beetebuerg.

Back to Top
CIM LOGO