
Um CR112 tëscht Tënten a Bruch ass géint 18.15 Auer e Motocyclist gefall a gouf verwonnt. Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Béiwen-Atert an ee Rettungswon vu Lëntgen.
Ee Blesséierte gouf et dann nach géint 22.45 Auer wéi sech et op der Iechternacher Strooss zu Jonglënster zwee Gefierer ze pake kruten. Hei waren d’Pompjeeë vu Jonglënster souwéi e Rettungswon aus der Fiels am Asaz.