
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Péiteng an d’Ambulanz vun Esch.
Um 23.35 Auer ass op der A7 Richtung Norden, tëscht dem Mierscherbierg a Colmer-Bierg en Auto accidentéiert. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Colmer-Bierg a Biissen, grad ewéi eng Ambulanz aus der Nordstad.