
Um 16.50 Auer war op der Tréierer Autobunn a Richtung Tréier tëscht dem Tunnel Houwald an dem Irgäertchen en Auto an e Moto gerannt. Do gouf eng Persoun verwonnt, wéi de CGDIS mellt.
Am Rond-Point Irgäertchen gouf et da kuerz dono eng Kollisioun tëscht zwee Ween, dat och mat engem Blesséierten.
Um Samschdeg de Moie gouf et dann zwee weider Accidenter. Tëscht der Cloche d’Or a Leideleng hat e Gefier sech iwwerschloen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. An op der A7 vu Colmer Bierg a Richtung Schieren krute sech zwee Autoen ze paken, hei blouf et beim Materialschued.