
E Méindegowend um 22.21 Auer krute sech zwee Autoen an der Rue Victor Hugo zu Esch ze paken. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert, et waren zwou Ambulanze vun Esch am Asaz.
Da mellt de CGDIS nach en Accident vum Dënschdeg de Moien op der A13 a Richtung Péiteng an der Sortie Gadderscheier. Hei krute sech een Auto an ee Camion kuerz viru 7 Auer ze paken. Am Asaz waren d’Rettungsekippe vu Suessem/Déifferdeng an hir Kolleege vun Esch. Eng Persoun gouf blesséiert.
Beim Materialschued ass et du bliwwen, wéi tëscht Schrondweiler a Steeën um CR115 en Auto accidentéiert ass. D’Ekippen aus der Nordstad a vun Noumer waren an Asaz.
Eng Persoun gouf dann zu Krautem an der Rue de Weiler ugestouss. Si gouf vun den Ekippe vu Réiser a Beetebuerg behandelt.
En Dënschdeg am Nomëtteg um kuerz no 14 Auer koum et an der Avenue Marie-Therese an der Stad zu engem Accident tëscht 2 Autoen, hei gouf keng Persoun blesséiert. Am spéiden Nomëtteg, géint 16:30 Auer, krute sech zwee Gefierer zu Dikrech op der Esplanad ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen.