
Um 12.21 Auer gouf et op der A6 a Richtung Arel op der Héicht vu Capellen en Accident mat engem Blesséierten, hei waren d’Rettungsekippe vu Mamer, Kielen an aus der Stad am Asaz.
E weidere Blesséierte gouf et um 16.50 Auer um CR163 tëschent Obeler a Leideleng, wou d’Ekippe vu Beetebuerg op d’Plaz geruff gi sinn.
D’Stater Ambulanz a Pompjeeë goufen dann och nach um 13.13 Auer op d’A1 a Richtung Tréier um Gaasperecher Kräiz geruff. Hei war en Auto géint d’Leitplank gerannt, Blesséierter gouf et awer keng.