
An der Bëschdrefer Strooss zu Bruch hat e Samschdeg den Owend géint 20.30 Auer eng Batterie Feier gefaangen. Heibäi gouf kee blesséiert.
Um 22 Auer waren d’Pompjeeën op Bartreng an d’Lëtzebuerger Strooss geruff ginn, dat wéinst Damp an enger Kichen. Zwou Persounen hu wéinst enger Dampvergëftung misse medezinesch versuergt ginn.
An der Rue de l’Eglise zu Péiteng hat géint 22.30 Auer eng Poubelle Feier gefaangen. Hei gouf kee verwonnt.