SAMU am AsazZwee Blesséierter no méi schroem Accident bei Steeën

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Steeën an Dikrech war e Sonndeg géint 18.45 Auer eng Automobilistin vun der Strooss ofkomm an e puer Meter an e Bësch geschleidert ginn.

D’Fra huet missen aus dem Auto gebuerge ginn a gouf nach op der Plaz behandelt, ier se an d’Klinik transportéiert gouf. De Bäifuerer gouf liicht verwonnt a koum och fir eng Kontroll an d’Spidol.

Den Ettelbrécker SAMU war op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi zwou Ambulanzen aus der Nordstad an d’Pompjeeë Bettenduerf an Nordstad.

Géint 22.40 Auer sinn um Zéissenger Kräiz zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Um Méindeg de Moien hat et zu Réimech an der Rue Dicks e Kichebrand ginn. Hei blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO