CGDISZwee Blesséierter no Motorradsaccidenter, Autoen zu Schuller aneneegerannt

RTL Lëtzebuerg
Insgesamt 3 Blesséierter gouf et en Dënschdeg bei Accidenter uechter d'Land. An zwee Fall ware Motorrieder involvéiert.

Sou zum Beispill géint 13.09 Auer um CR118 bei Konsdref a Richtung Präiteler, wou e Motorradschauffer bei enger Chute blesséiert gouf. D’Rettungsekippe vun Iechternach, Ettelbréck a Konsdref waren op der Plaz, och e Rettungshelikopter war am Asaz.

Zwou Stonne méi spéit gouf et eng weider Chute vun engem Motorradsfuerer op der A7 a Richtung vun der Stad. Och dëse gouf blesséiert. Nieft dem Stater Rettungsdéngscht war och eng Ekipp vun Nidderaanwen present.

Géint 15.52 Auer koum et dann nach zu engem Autosaccident an der Rue de la Gare zu Schuller. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn, nodeems zwee Autoen aneneegerannt waren. Rettungsekippe vu Péiteng an Dippech waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO