Samu gouf geruffZwee Blesséierter nodeems sech en Auto zu Keel iwwerschloen huet

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.20 Auer e Samschdegowend war et zu Keel zu engem méi uergen Accident komm.

Zwou Persoune goufen hei blesséiert, wéi sech en Auto iwwerschloen huet. Nieft den Ambulanzen an de Pompjeeë vun Esch an Diddeleng, gouf och de Samu vun Esch op d’Plaz geruff.

Géint 1.20 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi e Chauffer zu Beggen mat sengem Auto an e geparkte Gefier gerannt ass. D’Ambulanz an d’Pompjeeë waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO