CGDISZwee Blesséierter op eise Stroossen um Mëttwochowend

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.10 Auer e Mëttwoch ass zu Nidderkäerjeng an der Rue Pierre Clement eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn.

Nëmme kuerz drop ass um CR325 tëscht Draufelt an Ierpeldeng ee Motocyclist gefall. Och hie gouf verwonnt, wéi de CGDIS matdeelt.

Donieft huet et e Mëttwoch den Owend zweemol gebrannt. Zu Wëlwerwolz war et no 21 Auer Dreck an zu Klierf – no 23 Auer – eng Poubelle an eng Remorque, déi Feier gefaangen haten.

Back to Top
CIM LOGO