112Zwee Bränn an dräi Blesséierter no Verkéiersaccidenter

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat e Mëttwoch nees vill ze dinn. Op dräi Plazen am Land gouf et Verkéiersaccidenter mat Blesséierten an op zwou Plazen hat et gebrannt.

Sou hat et zu Schëffleng géint 11.26 Auer an der Avenue de la Libération an engem Zëmmer an engem Gebai gebrannt. Et gouf keng Blesséierter, d’Secouriste vu Schëffleng an Esch waren op der Plaz. E weidert Feier gouf et um 16.27 Auer zu Buerglënster an der Rue d’Imbringen, wou en Auto gebrannt huet. Och hei ass kee blesséiert ginn, d’Pompjeeë vu Jonglënster waren am Asaz.

Och gouf et 3 Verkéiersaccidenter mat all Kéier engem Blesséierten, dat zu Diddeleng géint 12.17 Auer op der Route de Zoufftgen, zu Hollerech um Zéissenger Kräiz, fir vun der A4 op d’A6 a Richtung Arel ze fueren, an an der Rue de la Gare zu Betteng op der Mess kuerz no 16 Auer. Zu Hollerech hat e Motocyclist eng Chute an zu Betteng op der Mess waren zwee Autoen aneneegerannt.

Back to Top
CIM LOGO