Strof vun 10.000 EuroZwee Caféen hu Persounen illegal bei sech ugestallt gehat

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf et vun der Police eng grouss Kontroll an direkt e puer Caféen an der Stad, respektiv zu Bouneweg.

Bei dëse Kontrolle gouf virun allem gekuckt, ob sech un déi entspriechend Gesetzer gehale gouf. Ënnert anerem goufen och d’Clientë kontrolléiert. Am Ganze waren 21 Beamten a 6 Mataarbechter vun der ITM bei dëse Kontrollen am Asaz.

An zwee Caféë goufen et Geldstrofen an Héicht vun 10.000 Euro, well Persounen aus Drëttstaaten an irreguläre Situatioune beschäftegt goufen.

Géint eng weider Persoun, déi kontrolléiert gouf, louch e Mandat d’arrêt vir, woufir dës an Arrest koum. Bei de Kontrolle goufen och nach e puer Mol kleng Quantitéiten Droge saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO