Alkohol um SteierZwee Chauffere kruten e provisorescht Fuerverbuet

RTL Lëtzebuerg
Nieft den alkoholiséierte Chauffere war d'Police an der Nuecht op e Samschdeg och nach mat Abréch beschäftegt.
© Police (Archive)

Zu Rodange war an der Nuecht op e Samschdeg een alkoholiséierte Chauffer ënnerwee. De Policebeamte war e Gefier opgefall, dat ze schëtzeg ënnerwee war. Wéi d’Beamten de Chauffer stoppe wollten, huet dësen nach séier probéiert, fir sech unzestrécken. Bei der Kontroll gouf een Alkoholtest gemaach, deen och positiv war. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet an e Protokoll gouf geschriwwen.

An der nämmlechter Nuecht krut d’Police dann nach zu Diddeleng eng Persoun gemellt, déi um Trottoire net méi ganz d’Riicht konnt halen an dunn an en Auto geklommen a fortgefuer ass. D’Beamten hunn den Auto ermëttelt an de Chauffer kontrolléiert. Och hei war den Alkoholtest positiv, de Permis fort an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

Abréch uechter d’Land

D’Police mellt dann och eng Rei Abréch aus der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg. Dat war de Fall zu Buerglënster, Duelem, Iernzen, Käerch, Tandel, um Houwald an an der Stad. D’Spueresécherung war op der Plaz an d’Ermëttlungen an de verschiddene Fäll lafen.

Back to Top
CIM LOGO