Lifelong Learning - Ënnert deem Motto goufen an der Hotelschoul zu Dikrech iwwert zwee Deeg Coursen ugebueden. Ob eng méi grouss vegetaresch Palette oder Geméis an der Glace. Et war e bëssen eppes vun allem dobäi.
Eng Journée pédagogique an der Hotelschoul huet d’Enseignantë sëlwer rëm zu Schüler gemaach. E puer Proffe konnten an der Kiche vill Neies entdecken.
De Michel Lanners, Direkter vun der Hotelschoul: "Et muss ee wëssen, dass déi professionell Patissieren hei an der Schoul wëssen, wéi een eng Schockelasmousse mécht. Dat hei ass am Fong fir méi wäit ze goen. Dat ass net dat wat een all Dag an der Klass mat de Schüler ka maachen. Hei ass zum Beispill, dat huet de Weltmeeschter an der Patisserie , den Här Debove elo erkläert, de Melange vu Geméis an Uebst. Do kann ee ganz vill maachen."
Béi de Rezepter gouf mat de Profien zesumme gekuckt, dass saisonaalt a regionaalt Uebst a Geméis benotzt gëtt. E renomméierte Patissier huet zum Beispill gewisen, wéi ee Geméis an engem Dessert verschafft.
De Luc Debove: "De faire voir que les légumes sont aussi très bien au sucrée. Chaque fois on regarde les différentes techniques pour essayer de faire sortir le mieux les saveurs. Voir des saveurs qu’on n’est pas habitué à ressentir."
Nei Platen, déi och bei de Proffe vun der Dikrecher Hotelschoul gutt ukommen. Dozou eng Enseignante: "Fir mech ass et super interessant fir nei Saache kennenzeléieren. Zemools wou mer hei mat Uebst a Geméis schaffen, wat mir normalerweis net sou an Desserte kennen. Mir hunn nei Technike gesinn, nei Methoden a fir mech ass et super interessant, fir déi och lo kënnen unzewenden."
Nieft der Patisserie gouf awer och gekacht. Et goufe Platen preparéiert, déi souwuel vegetaresch wei och net-vegetaresch kënnen zerwéiert ginn an dat mat just 1-2 Handgrëffer méi. Dëst soll de Vegetarier méi Choix erméiglechen ouni de Käch méi Aarbecht ze maachen.
Julian Mercier (Kach) “Ça permet d’avoir quelque chose de plus sympa à manger. De partager un moment avec la personne qui est végétarienne et d’avoir le même plat quasiment à table à deux ou trois éléments prés. Pour nous en cuisine en tant que chef c‘est super facile à faire parce que toute la base est à 75% identique. “
Et goung drëms Wëssen ze deelen an een deen aneren ze beräicheren, esou de Kach Julian Mercier. Ma eppes ass sécher: D'Proffe kënnen hire Schüler elo ganz vill Neies bäibréngen.