
Kuerz no 16 Auer ass e Kand an der Rue Portland zu Esch vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Hei waren d’Escher Rettungsdéngschter op der Plaz.
Eng weider Persoun gouf géint 16.30 Auer zu Dikrech an der Rue Alexis Heck ugestouss a verwonnt. Hei waren d’Rettungsservicer Nordstad am Asaz.