Véier BlesséierterZwee Leit ugestouss an zu Diddeleng war een an eng Garagëpaart gerannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Sonndeg op e puer Plazen am Land zu Accidenter.
© RTL Archivbild

Ugefaange kuerz viru Mëtteg zu Diddeleng. Do ass en Automobilist mat sengem Won an eng Garagëpaart geknuppt. Zwou Persoune goufen hei verwonnt.

Am Pommerlach gouf kuerz no 15 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss, tëscht Duelem a Siren um CR 154 war et e Cyclist. Op béide Plaze gouf et allkéiers ee Blesséierten.

Dann hat et bal gebrannt. Dat an der Stad an engem Maschinneraum, d’Stater Pompjeeën hunn do intervenéiert. Weider Detailer feelen.

Back to Top
CIM LOGO