Am Mäerz op der GareZwee Männer hu mat Gewalt Portmonni an Zigarette geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Samschdeg een Zeienopruff lancéiert, an der Hoffnung, méi iwwert ee Fait vum 31. Mäerz 2024 op der Gare gewuer ze ginn.

Op deem Sonndeg war et tëscht 5 a 5.30 Auer op der Kräizung Fort Neipperg - Avenue de la Gare zu engem gewaltsamen Iwwerfall komm. Zwee Männer haten dem Affer dobäi de Portmonni an Zigarette geklaut. Wou d’Affer mam Handy probéiert huet, Fotoe vun de Aggresseuren ze maachen, hunn d’Täter him den Handy mat Gewalt aus der Hand gerappt. D’Affer ass dobäi op de Buedem gefall a gouf am Gesiicht blesséiert.

Eng Beschreiwung vun den Täter huet d’Police net publizéiert.

Wien Hiweiser huet, déi d’Persounen identifizéiere kéinten, ass gebieden, sech um Policebüro vun der Stad Lëtzebuerg ze mellen, dat ënnert der Nummer 244 40 1000 oder per Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu .

Back to Top
CIM LOGO