
Wéi et am Police Bulletin heescht, kruten d’Beamten e Freideg den Owend géint 21.30 Auer en alkoholiséierte Mann zu Esch gemellt, deen e puer Mol sollt probéiert hunn, an e Restaurant eranzekommen, ma him den Zoutrëtt awer verweigert gi war. Well de Mann eng Gefor fir sech an aner Leit war, gouf hien no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest bruecht.
Géint 1 Auer e Samschdeg de Moie kruten d’Beamten dann eng Persoun an der Hollerecher Strooss am Garer Quartier an der Stad gemellt, déi do randaléiert huet. Wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn, ass de Mann ëmmer méi aggressiv ginn. Wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand huet och hien d’Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht.
Donieft krut d’Police weider 18 Fäll gemellt, bei deenen d’Leit sech net un d’Nuetsrou solle gehalen hunn. Wéi et heescht, konnten déi meescht Fäll op der Plaz gekläert ginn respektiv et war kee Kaméidi méi ze héieren.