Festnam no Kierperverletzung zu PéitengZwee Männer krute Sträit, ee gräift zur Aaxt, eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend koum et zu Péiteng an engem Méifamilljenhaus, méi genee an der Route de Longwy, zu enger Ausernanersetzung.

Wéi d’Police op der Plaz ukomm ass, konnte souguer d’Affer, wéi och den Täter ugetraff ginn. Et huet sech erausgestallt, dass béid Männer unenee gerode waren, een dovunner ass schlussendlech mat enger Aaxt verwonnt ginn an koum mat senge Blessuren an d’Spidol.

Den zweete Mann gouf festgeholl an koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO