
En Donneschdeg den Owend géint 17 Auer goufen der Police aus der Rue Joseph Junck am Garer Quartier zwee Männer gemellt, déi eng aner Persoun mat engem Messer menacéiert hätten.
D’Beamte konnten op der Plaz souwuel d’Affer, wéi och déi presuméiert Täter untreffen. No enger Kierperduerchsichung si si fir weider Amtshandlunge mat op de Policebüro geholl ginn. An der Géigend vun der Plaz, vun där d’Dot gemellt gi war, konnten d’Beamten zwee Messer fannen a sécherstellen. De Virfall gouf protokolléiert an et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf der Police vun der Place du Marché zu Esch ee Mann gemellt, deen aus engem Buttek geklaut soll hunn. Net wäit ewech konnt de presuméierten Täter an engem staark alkoholiséierten Zoustand opfonnt ginn. Dem Policebulletin no konnt hie sech kaum nach op de Been halen. Well hien eng Gefor fir sech an anerer gewiescht wier, hätt een decidéiert, de Mann an d’Ausniichterungszell ze bréngen.