
Eng Wäschmaschinn war do a Brand geroden. D’Pompjeeë vu Mamer a Stengefort waren op der Plaz, fir d’Feier ze läschen. Méi Detailer sinn net gewosst.
Gebrannt hat et och an engem Zëmmer géint 1.30 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg zu Ettelbréck. Wéi de CGDIS mellt, goufen 3 Persoune verwonnt. D’Ambulanzen Nordstad a Lëntgen ware sur place, grad wéi d’Pompjeeën Nordstad.
Kuerz virun 18 Auer war dann nach e Foussgänger ugestouss a verwonnt ginn. Och hei ginn et keng weider Detailer.