
Op der B3 vum Rond-point Gluck a Richtung Rocaden zu Bouneweg hat et kuerz no 17.30 Auer tëscht engem Moto an engem Auto geknuppt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Am Asaz waren hei d’Rettungsekippen aus der Stad.
Um 21.29 Auer war eng Persoun verwonnt ginn, wéi op der RN16 tëscht Elleng-Gare a Réimech en Auto sech iwwerschloen hat. Hei war de Samu-Noutdokter vun Esch zesumme mat de Pompjeeë vu Réimech a Munneref am Asaz, grad ewéi d’Ambulanciere vu Réimech.
De Samu aus der Stad war iwwerdeem kuerz no 22 Auer op d’A3 a Richtung Metz geruff ginn. Och hei waren e Moto an en Auto anenee gerannt, sou datt et ee Verletze gouf.