GeriichtZwee Poliziste mat 30.000 Euro bestach: Prisong a Geldstrof fir beschellegten

RTL Lëtzebuerg
Ee Joer Prisong an 1.000 Euro Geldstrof: Dozou gouf en Donneschdeg de Mëtteg um Stater Geriicht ee Mann an enger Korruptiounsaffär verurteelt.
© AFP Archiv

Hien hat de Prozess gemaach kritt, well hien am November 2018 op engem Policekommissariat an der Stad zwee Beamten 10.000 an engem weidere souguer 20.000 Euro ugebueden hat. Dat, wann d'Poliziste kee Procès verbal schreiwe géifen.

De Mann, deen deemools mat méi Alkohol, wéi erlaabt ass, erwëscht gouf, war en Dënschdeg net fir säi Prozess opgedaucht.

Back to Top
CIM LOGO