Déi zwee Bridder Erik an Alexander De Toffol an den Giancarlo Balestri hunn eppes gemeinsam: Si hunn eng Pizzeria an der Stroossbuerger Strooss. Ma fir den Erik an den Alexander De Toffol ass et zwar net den éischte gastronomesche Betrib, ma hire Restaurant an der Stroossbuerger Strooss hu si awer réischt 2019 opgemaach. Dat aus guddem Grond, si sinn nämlech d’Proprietäre vum Hotel vis à vis. Dëse krut reegelméisseg schlecht Bewäertungen, dat awer net well de Gäscht den Hotel net gefall huet, mee well an de Raimlechkeeten, wou elo d’Pizzeria ass, fréier e Café war, wou Leit aus der Drogenzeen vill Zäit verbruecht hunn, erzielt den Alexander de Toffol. Dat wollten déi zwee Bridder net op sech setze loossen an hunn de Betrib iwwerholl, soubal et méiglech war an eppes komplett Neies aus dem fréiere Café gemaach. Elo ass de Restaurant gutt besicht. Jonker a Businessleit huelen hei an der Mëttegpaus Plaz.
E puer Meter méi wäit huet de Giancarlo Balestri säi Restaurant. Dësen huet hien 1992 vu sengen Elteren iwwerholl, déi d’Pizzeria schonn 1976 opgemaach hunn.
Iwwert déi lescht Joerzéngte konnt de Giancarlo Balestri vill Verännerung an Entwécklung am Garer Quartier an der Stroossbuerger Strooss materliewen. Senger Meenung no huet de Quartier sech mat de Joren degradéiert. Mam neien Tram hätt en awer rëm e besseren Image kritt, well d’Connectioun vun der Uewerstad an der Gare méi einfach ginn ass. Dass den Ufank vun der Stroossbuerger Strooss elo eng Zone Riverain ass, fënnt de Restaurant-Besëtzer gutt. Domat hätt den Trafic däitlech ofgeholl, wat d’Aarbecht méi einfach mécht. Doduerch hätt een nämlech eng kleng Terrass gewonnen, wat definitiv e Plus ass, erzielt de Giancarlo Balestri.
Besicht gëtt d’Pizzeria gréisstendeels vun enger Stammclientèle, déi deelweis souguer schonn an 2. Generatioun kënnt. Dem Giancarlo Balestri ass awer opgefall, dass besonnesch eeler Leit méi zécken, fir an d’Stroossbuerger Strooss ze kommen, well se vun den Drogendealer am Quartier ofgeschreckt ginn, esou de Feedback vun enger Partie Clienten. Dobäi wiere souwuel Dealere wéi och Konsumenten an de meeschte Fäll net aggressiv oder opdränglech, mee eleng hir Presenz géing eng Partie eeler Leit stéieren. Déi Jonk géife sech do net esou dovu beaflosse loossen, mengt de Pizzeria-Besëtzer.
Et sinn zwou Pizzeriae mat ënnerschiddlechem Konzept, awer änlechen Erfarungen.

Um Freideg geet et am 5. Deel iwwert d’Stroossbuerger Strooss ëm d’Multikulturalitéit, déi souwuel bei den Awunner, wéi och an de Butteker erëmzefannen ass.
1. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit 2. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Fréibiren fir déi éischt Geschäftsleit an der Stroossbuerger Strooss 3. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zesumme mat enger Léierin an À vos côtés virun der Schoul