
Ee vun de presuméierten Täter konnt kuerz Zäit méi spéit no enger kuerzer Sichaktioun gestallt ginn. De Mann war net kooperativ an hat ze déif an d’Glas gekuckt. D’Beamten hunn decidéiert, hien no enger Kontroll duerch en Dokter an Arrest ze setzen. Et gouf protokolléiert an de Rucksak koum zeréck bei säi Besëtzer.
Och e puer Abréch gemellt
An de leschte Stonne gouf op e puer Plazen am Land agebrach, zum Beispill e Freideg den Owend zu Bartreng an en Eefamilljenhaus an der Cité Riedgen. Den oder d’Täter hu Wäertgéigestänn matgoe gelooss.
Ee weideren Abroch gouf et e Samschdeg de Moien an eng Firma zu Dol. Éischten Informatiounen no hunn onbekannten Täter e puer Raim duerchsicht an ënner anerem d’Keess geklaut.
A béide Fäll gëtt ermëttelt. an d’Spueresécherung op d’Plaz geruff.