Bankomat-Sprengung zu KeelZwee Täter op der Flucht, en drëtte vun Auto ugestouss a blesséiert
Sascha Georges
Christophe Hochard
An deem Kontext ass et den Appell vun der Police, am Raum Keel, Téiteng a Rëmeleng kee mam Auto matzehuelen.
Zwee Täter no versichter Bankomat-Sprengung op der Flucht
Wéi et vun der Police heescht, gouf en drëtte Verdächtege bei der Flucht vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hie koum an e Spidol.
Verdächteg Persoune sollen direkt dem 113 gemellt ginn.
Insgesamt dräi Täter hate Policeinformatiounen no kuerz virun 3 Auer an der Nuecht versicht, e Bankomat um Parking vun engem Supermarché ze sprengen, goufen dunn allerdéngs vun der Police iwwerrascht a si geflücht. Ee vun hinne gouf dobäi vun engem Auto ugestouss a blesséiert a koum an e Spidol. Déi zwee aner Verdächteg si weiderhin op der Flucht. Wéi et weider heescht, gouf beim Bankomat e verdächtege Pak fonnt an nach op der Plaz vun der Police neutraliséiert.
Bankomat-Sprengung zu Keel-Téiteng (24.2.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De blesséierte Verdächtege wäert am Laf vum Dag virun den Untersuchungsriichter kommen. En Auto, dee fir d’Dot an den Asaz koum, ass iwwerdeems vun der Police saiséiert ginn. D’Gefier gouf deemno virun e puer Deeg an der Belsch geklaut.
D’Haaptstrooss zu Keel war wéinst dem Policeasaz temporär gespaart ass entretemps awer nees op. Och e Policehelikopter war am Asaz.
Zwee Täter op der Flucht, en drëtte vun Auto ugestouss a blesséiert
An deem Kontext ass et den Appell vun der Police, am Raum Keel, Téiteng a Rëmeleng kee mam Auto matzehuelen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.