Op eise StroossenZwee uerg Accidenter um Sonndeg den Owend, ee weideren um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt den CGDIS e Méindeg de Moien zwee méi uerg Accidenter aus de fréien Owesstonne vum Sonndeg.

Zu Bech-Maacher op Héicht vum Musel-Quai war géint 17.30 Auer e Motocyclist gefall an ass verwonnt ginn. Wéi d’Police matdeelt, hätt de Chauffer bei engem Bremsmanöver d’Kontroll vu sengem Gefier verluer. De Rettungshelikopter war hei am Asaz, ënnerstëtzt vun den Ekippen aus Réimech a Schengen.

Nëmme kuerz dono krute sech zu Fréiseng en Auto an e Motorrad ze paken. Den Automobilist war op der Kräizung “an der Aluecht” an der Rue Robert Schuman ofgebéit an hat dobäi d’Motorrad ze pake kritt. De Chauffer vum Motorrad esou wéi och seng Begleedung goufe vum Gefier geschleidert a schwéier verwonnt, esou d’Police. De Samusnoutdokter war och do am Asaz, genee wéi d’Secouriste vu Fréiseng, Uespelt, Weiler, Diddeleng an aus der Stad. D’Streck war wärend e Rettungsaarbechte fir den Trafic gespaart.

E Méindeg de Moie kuerz no 10 Auer krute sech tëscht Hamm a Sandweiler en Auto an e Camion ze paken. Hei mellt de CGDIS ee Blesséierten. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO