
Zu engem versichten Abroch koum et zu Monnerech “An der Kehl”. Dräi Onbekannter haten dobäi probéiert, an en Eefamilljenhaus eranzeklammen. Eng erbäigeruffe Patrull konnt ee vun den Täter, dee beim Ubléck vun de Beamte geflücht ass, kuerz drop pëtzen. No enger Sichaktioun konnt d’Police dunn en zweete Verdächtegen ausmaachen a festhuelen. D’Sich nom Drëtten ass negativ verlaf.
Bei der Fouille gouf bei béide Verdächtegen Abrochmaterial séchergestallt. De Parquet gouf a Kenntnis gesat an déi Zwee op hiren Uerder hi verhaft. Si koume schonn den Dag drop virun den Untersuchungsriichter.
Am Kader vun der Sichaktioun ass e Policehelikopter e Mëttwoch géint 21 Auer iwwer Suessem a Monnerech zirkuléiert. Och vill Polizisten, respektiv Policeween waren deen Ament do ënnerwee.
E Mëttwoch den Owend hunn zwee Männer zu Luerenzweiler op der Tankstell d’Clienten ugeschwat an no Sue fir hir Réckrees an Irland gefrot. D’Police gouf geruff a wéi déi erbäikoum, hu sech déi Onéierlech iwwer d’A7 a Richtung Norden ewechgemaach. Et koum zu enger Poursuite mat héijer Vitess a Richtung Miersch an eréischt op der Héicht vun Angelduerf konnt d’Gefier gestoppt ginn. Bei der uschléissender Perquisitioun vum Won goufen e puer englesch Placke fonnt souwéi Boergeld. De Parquet gouf informéiert an d’Brigange kruten e Protokoll.
Op der Kockelscheier goufen dann nach zwee Verdächteger dobäi observéiert, wéi si d’Fënster vun engem Auto op engem Parking ageschloen hunn, allerdéngs wier d’Alarmanlag ugaangen. Eng Patrull ass kucke gefuer, déi am Laf vun der Sichaktioun déi zwee Verdächteg konnt stellen. Ee vun hinnen hat Pefferspray dobäi. Och an dësem Fall krut de Parquet Réckmeldung an et gouf protokolléiert.