
Eng Policepatrull konnt déi 2 presuméiert Täter op der Plaz untreffen. Bei deenen Zwee konnten dann och geklaute Saache séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl.
De selwechten Dag gouf an der Rue du Stade zu Schëffleng en Déifstall gemellt. Hei huet éischten Erkenntnisser no den Täter beim Affer un der Dier geschellt, d’Persoun an e Gespréich verwéckelt a sech dunn ënnert engem Virwand (anscheinend e Frënd vun der Famill) Zoutrëtt an d’Haus verschaaft.
Bannen ukomm huet den Täter d’Affer menacéiert an opgefuerdert Boergeld erauszeginn. Dono ass hien du mam Geld geflücht. Well direkt nom Mann gesicht gouf, konnt hien dunn och kuerz drop gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter.