Police melltZwou alkoholiséiert Persounen op der Strooss

RTL Lëtzebuerg
Um Méindegowend an an der Nuecht op en Dënschdeg konnte vun der Police zwou Persounen ugetraff ginn, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL

Um Méindeg den Owend gouf der Police eng Persoun gemellt, déi an der Dikrecherstrooss zu Steen a Richtung Miedernach ënnerwee war an duerch Schlaangelinnen opgefall ass. Eng Policepatrull konnt de Won stoppen. Den Alkoholtest war positiv ausgefall an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

An der Nuecht op en Dënschdeg ass eng Policepatrull zu Waasserbëlleg op e Gefier opmierksam ginn, dat laanscht der Strooss stoung. D’Polizisten hu gesinn, dass d’Fuererin de Kapp um Steierrad leien hat. D’Fra ass abrupt aus dem Auto geklommen, wou d’Poliziste si uschwätze wollten. D’Beamten hunn hu gemierkt, dass d’Fuererin ënner ze héijem Alkoholafloss stoung an hunn en Alkoholtest gemaach. Dësen ass positiv ausgefall. D’Fra krut e provisoresch Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO