Ellenger Gare: Energie vum eegenen DaachZwou Firmaen installéieren dausende Solarpanneaue mat Hëllef vu Bréissel

Pit Everling
D'Panneaue sollen e groussen Deel vum eegene Bedarf vum Stroum decken, dat bei groussen Entreprisen op der Ellenger Gare.
© Eric Ebstein / RTL

Firme bei der ekologescher Transitioun finanziell ënnert d’Äerm gräifen! Mat deem Zil huet d’EU virun dräi Joer déi sougenannt “Facilitéit fir Opbau a Resilienz” lancéiert. En temporäert Instrument, wat Deel vum Relance-Plang “REPowerEU” ass.

Déi praktesch Ëmsetzung gesäit ee grad um Daach vun zwou Entreprisen an der Aktivitéitszon op der Ellenger Gare.

Solarpanneauen op der Ellenger Gare / Reportage Pit Everling

Ronn en halleft Joer gouf um Daach vun der Firma “Grosbusch” geschafft. D‘Resultat si 5.800 Panneauen op enger Surface vun 8.000 Quadratmeter. Wann d‘Wieder wëll, kënnt een domat op 1.000 Megawatt pro Joer

Mat enger optimistescher Aart a Weis, kann ee bis zu 50 Prozent eege produzéieren. Mir hu keng Batterien, well mer alles autoconsomméieren. An et war och an deem Sënn, wou et definitiv interessant fir eis war, fir a sou enger Anlag ze investéieren”, seet de Goy Grosbusch, Chef vum Grossist fir Uebst a Geméis.

Den Investissement läit bei ronn enger Millioun Euro, e knappen Drëttel dovu steiert Bréissel bäi. Well d‘Energiefraisen héich sinn, denkt ee bei der Firma Grosbusch scho méi laang iwwer déi hausgemaache Solarenergie no. Den europäeschen Hëllefsprogramm huet du fir den decisiven Impuls gesuergt.

Genee ewéi beim Noper, der Entreprise Rotomade, Spezialist fir Plastikformen. Den Direkter Arnaud Fournier erkläert, wéi et dozou koum.

Donc quand on faisait nos calculs avant de pouvoir bénéficier à la subvention, on était sur des retours sur investissement entre 8 et 10 ans. Le fait d’avoir pu accéder justement à cette subvention nous a permis de pratiquement diviser par deux ce retour sur investissement, ce qui a permis de convaincre plus facilement nos actionnaires d’investir justement dans l’installation de panneaux photovoltaïques.

Och d‘Politik wollt sech ukucken, wou d‘Geld dann hifléisst. Vun den zwou Installatiounen op der Ellenger Gare hu sech eng Vertriederin vun der EU-Kommissioun, sou wéi d‘Lëtzebuerger Ministeren Delles a Roth e Bild gemaach. Et wier ee vu 55 Projeten, déi zu Lëtzebuerg iwwer sou Programmer kofinanzéiert ginn, sou den CSV-Finanzminister Gilles Roth.

Photovoltaik-Installatioune wéi dat hei. Dat geet awer och zum Beispill am Digitalen, ewéi myguichet.
An dann natierlech déi grouss Elektro-Bornen.

Et wier en administrativen Opwand, dee vu staatlecher Säit ganz seriö géing geholl ginn. Gutt 240 Milliounen huet Lëtzebuerg am Kader vum genannten europäesche Programm ze gutt. De Moment ass vun der Enveloppe just en Drëttel opgebraucht, nämlech gutt 80 Milliounen Euro. De Gilles Roth seet sech optimistesch, datt de ganze Montant bannent den nächsten zwee Joer kann opgebraucht ginn.
De liberalen Ekonomie- an Energieminister Lex Delles mécht an deem Sënn nach emol en Appell un d‘Entreprisen.

Et ass ganz wichteg, dass d’Betriber matmaachen. Mir gesinn elo, dass déi bis zu 50 Prozent vun hirem Energiebedarf kënnen ofdecken. Dat mécht déi Betriber méi resilient. Dat bewierkt, dass se fir d’Zukunft besser kënne plangen.

Zwee Mol gouf schonn e sougenannte “Call” also offiziellen Appell lancéiert, en drëtte kënnt no.
Bis ewell koumen 200 Demanden eran, vun deene goufe ronn 90 Prozent accordéiert.

Back to Top
CIM LOGO