Vitess oder Alkohol am SpillZwou grouss Vitesskontrollen an dräi alkoholiséiert Chauffere mellt d'Police

RTL Lëtzebuerg
Dräi Automobiliste goufe vun de Beamten aus dem Verkéier gezunn, well si ze vill gedronk haten. Deier gouf et da fir anerer op der A3 an der A13.

Um Belval gouf e Sonndeg den Owend eng Camionnette gemellt, déi wéinst hirem onséchere Fuerstil opgefall ass. Eng Patrull konnt d’Gefier dunn an der Rue Emile Mark lokaliséieren. De Chauffer hat däitlech ze vill gedronk a säi Permis war fort.

Selwecht Resultat bei enger Affär zu Conter an der Lëtzebuerger Strooss. Hei war en Auto am Zickzack ënnerwee an huet misste vu Beamte gestoppt ginn.

Änleche Fuerstil hat dunn en Automobilist op der A7 bei Miersch drop. Och hei hunn d’Beamten d’Gefier gestoppt an en Alkoholtest duerchgefouert. Dee war däitlech positiv ausgefall, esou datt de Permis agezu gouf.

Bei Kontrolle vun der Police ginn dann och dacks nach aner Saache gekuckt. Op der A3 a Richtung Stad kuerz virum Rond-point Gluck, wou 70 erlaabt ass, haten d’Beamte sech e Samschdeg placéiert. 23 Automobiliste hu missten 49 Euro respektiv 145 Euro an zwee Punkten ofginn, well si ze séier waren. Ee Chauffer huet dann och zwee Punkte verluer an 145 Euro bezuelt, well hien nach iwwerholl huet, obwuel dëst net méi erlaabt war. Bei engem Chauffer waren et 74 Euro, well d’Steiervignette ofgelaf war an eng weider Persoun huet 24 Euro bezuelt, well si de Permis net bei sech hat.

Op der A13 op der Héicht vun Esch war dann eng weider Kontroll e Sonndeg opgeriicht ginn. Hei ware ganzer 12 Automobilisten iwwer 25 Kilometer an der Stonn ze séier, wat si 2 Punkten an 145 Euro kascht huet. 145 Euro huet dann e Chauffer bezuelt, deem säi Bäifuerer net richteg ugestréckt war.

Back to Top
CIM LOGO