EschZwou Persoune goufen no Kläpperei an Déifstall festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.20 Auer an der Nuecht op e Méindeg gouf d'Police wéinst enger Kläpperei an der Rue de Belvaux op Esch geruff.

E Mann gouf vun zwee aneren attackéiert an um Kapp an un de Rëppe blesséiert. Dobäi gouf him wéi et schéngt den Handy geklaut. D’Täter konnte kuerz drop zu Esch fonnt ginn a goufe festgeholl. Se kommen e Méindeg virun den Untersuchungsriichter. D’Affer gouf mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht.

Back to Top
CIM LOGO