PolicebulletinZwou Persoune krute wéinst Alkohol um Steier de Permis ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch war e Chauffeur um Boulevard John F. Kennedy duerch eng orange Luucht gefuer a gouf du vun der Police ugehalen a kontrolléiert.

Ma do koum dunn eraus, dass de Chauffeur ouni Fuererlabnis ënnerwee war an och nach ënner Alkoholafloss stoung. Beim Test koum eraus, dass d’Limitt hei iwwerschratt gouf. Op Grond dovunner gouf de Permis dann agezunn. Op Uerder vum Parquet gouf de Won saiséiert.

An der Nuecht op en Donneschdeg dunn huet d’Police zu Diddeleng en Auto ugehalen, dee virdrun op der A13, op der Héicht vu Beetebuerg ënnerwee war. De Chauffeur gouf wéinst senger opfälleger Fuerweis bei der Police gemellt. De Chauffeur hat zevill gedronk, dat huet och den Test erginn. De Permis gouf agezunn an et koum nach e Fuerverbuet dobäi.

Back to Top
CIM LOGO