Farerflucht, Abroch an DéifställZwou Persoune no Accident mat geklautem Auto zu Helsem fortgelaf

RTL Lëtzebuerg
Géint 14 Auer um Méindeg koum et an der Dikrecherstrooss zu Helsem zu engem Accident, wou déi schëlleg Persoune fortgelaf sinn.

Géint 13.15 gouf en Auto zu Ettelbréck geklaut, ronn 45 Minutte méi spéit war dëst Gefier an en Accident zu Helsem verwéckelt. D'Täter sinn nom Tëschefall a Richtung Rue des Pommiers fortgelaf. No hinne gëtt gesicht an d'Police réit allen Automobilisten, am Raum Helsem keng Leit matzehuelen a verdächteg Persounen dem 113 ze mellen.

D'Police beschreift d'Täter esou: Ee Mann ass ronn 1,80 Meter grouss an tëscht 18 an 20 Joer al. En ass vun wäisser Hautfaarf, huet kuerz raséiert Hoer an eng rout Kuerzbox. Den zweete Mann huet ongeféier déi selwecht Gréisst, de selwechten Alter an déi selwecht Hautfaarf. Och hien hat kuerz Hoer, eng schwaarz Kuerzbox an e wäissen T-Shirt un.

Da mellt d'Police nach, datt een zu Esch e Chauffer no senger Farerflucht konnt erëmfannen. Um Méindeg de Moie géint 7.40 Auer wollt d'Police e Mann stoppen , dee sech an der Rue Sidney Thomas net un de Code de la Route gehalen huet. De Chauffer awer wollt sech net vun de Beamte beléieren loossen an ass a Richtung Rondpoint Raemerich geflücht. Dobäi hat hien deels iwwer 100 km/h drop an huet och eng rout Luucht ignoréiert. Am Rondpoint huet hien dunn d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an huet en Accident verursaacht. Seng Aventure war awer nach net eriwwer, well hien ass aus sengem Auto geklommen a fortgelaf, dat a Richtung Rue Henri Koch. Do konnten d'Beamten hien awer stellen. D'Gefier war net richteg verséchert an och net ugemellt. Protokoll gouf erstallt.

Déifstall an Abroch

Am fréie Sonndeg Nomëtteg gouf en Déifstall op enger Tankstell an der Rue d'Eich gemellt. Béid presuméiert Täter konnten am Laf vum spéiden Nomëtteg ermëttelt ginn. Wärend den Ënnersichungen ass der Police dunn nach eng weider Persoun signaliséiert ginn an et goufen och geklaute Saachen entdeckt. Dës Persoun koum dunn op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter a koum kuerz Zäit drop an Untersuchungshaft.

An der Nuecht op e Méindeg da gouf der Police géint 02.20 Auer en Abriecher an engem Haus an der Lëtzebuerger Strooss zu Bäreldeng gemellt. D'Police war séier op der Plaz a konnt dann do direkt 3 presuméiert Täter unhalen. Déi 3 Persoune koumen op Uerder vum Parquet e Méindeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Festnam wéinst widderhueltem Fueren ouni Permis

Géint 2 Auer e Méindeg de Moie gouf eng Policepatrull op der A4 op der Tankstell bei Steebrécken op en Automobilist opmierksam, deen de Beamte bekannt war, dat well e kee Permis am Moment géif besëtzen. Wéi de Mann d'Police gesinn huet, ass dësen dunn och mat héijer Vitesse a Richtung Stad gefuer. D'Police ass dem Mann direkt nogefuer, da iwwer Leideleng zeréck op d'Escher Autobunn bis den Automobilist mat Hëllef vun enger 2. Patrull zu Monnerech ugehale gouf. Well dëst schonn déi 5. Kéier war, dass de Mann gefuer ass, obwuel e Verbuet virläit an dës Kéier och keng Dokumenter vun der Assurance dobäi hat, koum de Mann virun den Untersuchungsriichter an den Auto gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO