Drogenhandel a KierperverletzungZwou Persounen an der Stad festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Police zwou Persounen an der Rue Jospeh Junck an der Stad festgeholl.

Am Nomëtteg haten d’Beamten hei e presuméierten Drogendealer ermëttelt, deen am Verdacht stoung, Plombe mat Drogen ofgeschléckt ze hunn. Dëse gouf doropshin op Uerder vum Parquet am Spidol ënnersicht. Dobäi goufen eng Partie Friemkierper am Mann sengem Kierper identifizéiert. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.

Kuerz viru 16 Auer krut d’Police dann e Sträit tëscht zwee Männer an der nämmlechter Strooss gemellt, bei där eng Persoun mat engem Messer blesséiert gi wier. Eng Patrull vun der Police konnt de presuméierten Ugräifer ermëttelen, ewéi dësen am Gaange war, e Messer ze verstoppen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter. D’Messer gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO