
E Freideg den Owend hat d’Police dräi Persoune gemellt kritt, déi eng Fënster vun der Gare zu Hollerech zerstéiert sollen hunn. Zwee vun den dräi Täter sinn no der Dot geflücht, deen drëtten ass op der Plaz bliwwen an huet Zeie menacéiert. Op der Plaz hunn d’Beamten de Mann gestallt. Opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand a well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert, datt de Mann an den Arrest muss. E Protokoll gouf geschriwwen.
Méi fréi e Freideg den Owend war der Police e Mann an der Rue de Beggen zu Beggen gemellt ginn, deen do jäizen an op Drecksbacken aschloe géif. Wéi et am Police-Bulletin heescht, hätt hie sech zu kengem Ament berouege wëllen. Och wärend dem Transport op de Büro wier hien aggressiv gewiescht, hätt op d’Beamte gespaut an dës mat de Féiss gerannt. Och hie koum an den Arrest an eng Plainte wéinst Rebellioun géing Policebeamte gemaach.
Abréch uechter d’Land
Tëscht e Freideg an e Samschdeg krut d’Police donieft nach eng Rei Abréch gemellt. An der Rue Evrard Ketten an der Stad war e Freideg een Onbekannten an eng Wunneng agebrach an hat dës duerchsicht. Da gouf nach zu Wolz an der Rue des Rochers agebrach. An an der Rue de la Sapiniere um Briddel goufen d’Abriecher vun enger Alarmanlag gestéiert a si geflücht.
D’Enquêtë vun der Police lafen.