
Géint 15.30 Auer en Donneschdeg de Mëtteg war e Mann zu Fouss an der Rue de la Vallée an der Stad ënnerwee, wéi zwee onbekannten Täter hien als éischt gestouss an him duerno Suen aus dem Portmonni geklaut hunn. Bei den Täter soll et sech ëm zwee Männer am Alter tëscht 25 an 30 Joer handelen. Allebéid hätten e Baart gehat a wieren donkel ugedoe gewiescht. Si konnten allebéid no der Dot flüchten. D’Affer gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht.
Géint 19.00 Auer gouf dann e Mann, ewéi hien an der Areler Strooss zu Stroossen aus dem Bus geklommen ass, vun zwou onbekannte Persounen ugeschwat. Wärend dem Gespréich huet op ee Mol ee vun de Männer de Männer dem Affer e Coup ginn an him seng gëlle Kette vum Hals gerappt. Duerno si béid Täter ze Fouss an Direktioun Bartreng geflücht.
Vun den Täter wier ee méi grouss an deen aneren éischter kleng gewiescht. Ee vun hinnen hätt e schwaarzen Jogging ugehat, deen aneren e schwaarzen T-Shirt an eng kuerz Box.