CGDISZwou Persounen zu Déifferdeng ugestouss, Feier an engem Restaurant zu Hielem

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegmoien an am Nomëtteg haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nees vill ze dinn.
© Domingos Oliveira

Op der Route de Luxembourg zu Hielem gouf kuerz virun 11 Auer e Feier gemellt. An enger Kiche vun engem Restaurant hat et gebrannt, d’Pompjeeë konnten d’Feier awer séier ënner Kontroll bréngen a läschen. Blesséiert gouf dobäi keen.

E weidert Feier gouf et um 16.37 Auer an der Rue Saint-Anne zu Welleschten am Keller vun engem Haus. Och hei gouf kee blesséiert. D’Pompjeeë vu Schengen a Réimech, wéi och de SAMU vun Diddeleng waren am Asaz.

D’Rettungsekippe vu Suessem an Déifferdeng waren am Nomëtte gläich op zwou Plazen am Asaz: Um 13.52 Auer koum et nämlech um CR176 tëschent dem Roudenhaff an dem Vesquenhaff zu engem Accident mat engem Gefier, woubäi de Chauffer awer net blesséiert gouf. Um 14.49 Auer goufen an der Avenue Charlotte zu Déifferdeng dunn nach 2 Persounen ugestouss a blesséiert.

E weidere Blesséierte gouf et um 16.54 Auer zu Bäreldeng an der Rue de Steinsel, wéi hei zwee Autoen anenee gerannt sinn. D’Rettungsekippe vu Jonglënster a Steesel waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO