Agrochallenge 2026 zu NorwichLëtzebuerger Ekipp Europameeschter a landwirtschaftleche Competitiounen

RTL Lëtzebuerg
Ënner 18 Konkurrente konnt eng Ekipp aus dem LTA sech no 18 Challengen duerchsetzen an den EM-Titel mat heem bréngen.
Déi frëschgebaken Europameeschteren
Déi frëschgebaken Europameeschteren
© Alphonse Logtenberg

De 24. a 25. Juni war eng Ekipp aus dem Lycée Technique Agricole zu Gilsdref op der Agrochallenge zu Norwich a Groussbritannien am Asaz. Et ass eng Aart Europameeschterschaft fir landwirtschaftlech Kompetitiounen, un deenen déi Kéier 18 Länner deelgeholl hunn.

Aufgabe waren zum Beispill d'Wiessele vun engem Trakterspneu, eng Kou sträichen, eng Mauer bauen, eng Course mat Béierfässer, mat engem Unhänger hannerzeg fueren oder e Waassersystem fir Schwäin zesummebauen.

Um Enn vum Event hat Team Lëtzebuerg déi meescht Punkte gesammelt an domat den EM-Titel gewannen, virun Estonien a Portugal, déi sech zesummen d'Sëlwermedail gedeelt hunn. Holland koum op Plaz 3.

Um YouTube-Kanal vun der Agrochallenge 2026 hat sech déi lëtzebuergesch Ekipp esou presentéiert:

Back to Top
CIM LOGO