Kloterspaass an der Äifel"Beim Kletterfelsen Rittersteig hat man eine tolle Aussicht"

Christophe Hochard
Zu Neuerburg, hei vir an der Äifel, kann een zanter e puer Wochen an de Fielse kloteren.

Zanter Abrëll gëtt et net wäit ewech vu Lëtzebuerg en neie Kloterspass. Méi prezis an der Äifel, zu Neuerburg. Dëst ass op där anerer Säit vu Veianen, respektiv eng gutt hallef Stonn vun Iechternach ewech.

Kloterspaass an der Äifel
Zu Neuerburg an der Äifel, kann een zanter e puer Wochen an de Fielse kloteren.

6 Kloterpassagë vu verschiddene Schwieregkeetsgrade ginn et op dëser Plaz. Et geet vu liicht bis erausfuerderend. Et muss een net de Parcours an enger gewëssener Zäit zréckleeën. Jidderee soll et no sengem Rhythmus maachen. Ausserdeem soll ee beim Kloteren och dovunner profitéieren, fir déi verschiddenst Vuen ze genéissen. "Am Kletterfelsen Rittersteig gibt es mit Abstand die schönste Aussicht. Dieser befindet sich da, wo das grosse Stadtwappen hänkt. Von da aus hat man einen richtigen super Blick über die ganze Stadt. Man sieht den Stadtkern, den Marktplatz". De Volker Krump, Guide an Initiator vun dëser Iddi erzielt mir dat wärend eisem Interview.

De schwéierste Kloterpassage ass beim Eisebunnstunnel. Hei hänkt ee richteg am Fiels fir erop. Dofir brauch een eng gutt Portioun Kraaft a Been an Äerm fir sech eropzezéien. "Es gibt die Schwierigkeitsgrade A bis E. A ist wirklich ganz einfach mit Stahlseil nebendran und E ist wirklich dann im Überhang wo man im Rücken hängt und mit viel Kraft den Felsen hoch muss".

Entweder entdeckt een de Klettersteig zu Neuerburg op eege Fauscht oder zesumme mat engem Guide. "Man braucht einen Klettergurt, wo ein Sicherheitsgerät dran ist mit dem man sich an die Sicherheitsleine einhaken kann. Ausserdem wären Handschuhe nicht schlecht und Helm ist unbedingt Voraussetzung", sou de Volker Krump.

Back to Top
CIM LOGO