
E 76 Joer ale Mann huet eng Dron héich iwwer sengem Terrain gesinn an direkt Angscht kritt, hie géif elo vun Abriecher ausspionéiert ginn. A Panik ass de Mann a säin Haus gelaf, huet säi Gewier geholl an ass nees erauskomm. Mat engem eenzege Schoss huet hien d’Dron zerstéiert, sou datt se als Schrott um Buedem gelant ass.
Méi spéit huet sech awer erausgestallt, datt et sech ëm e grousse Mëssverständnis gehandelt huet. D’Dron war nämlech vun der Gemeng agesat ginn, fir den Zoustand vun den Diecher am Duerf ze iwwerpréiwen. Dem Buergermeeschter no war och alles normal verlaf – bis d’Dron iwwer dëst Haus geflunn ass.
D’Police huet de Mann mat op de Büro geholl. Hie gëtt als frëndleche Mënsch beschriwwen, deen awer an där Situatioun einfach panikéiert hätt. Glécklecherweis gouf bei dem Tëschefall kee Mënsch verwonnt.
D’Gemeng brauch elo eng nei Dron. Et ass nach onsécher, wien d’Käschte finalement wäert iwwerhuelen. Eng Enquête leeft.