Wéi User déi aktuell Coronazuelen um Twitter-Profil vum kanadesche Gesondheetsministère wollten uklicken, hu si net schlecht gestaunt.

Esou opreegend war d'Publikatioun vun de Coronazuelen an der kanadescher Provënz Québec wuel seelen: Amplaz op deen eegene Site mat der aktueller Statistik ze verlinken, koum een duerch en Tweet vum Gesondheetsministère fir kuerz Zäit op e Video op enger Pornosäit, wéi d'kanadesch Zeitung "La Presse" mellt.

Den Tweet war ronn 40 Minutten online, bis d'Verlinkung geläscht gouf. Internetnotzer hunn de penibele Feeler allerdéngs mat Videoe festgehalen, déi de Contenu vum Post erëmginn. An engem separaten Tweet huet de Gesondheetsministère sech allerdéngs fir de Mëssel entschëllegt.

Verschidde User haten esouguer Theorien opgestallt, wéi zum Beispill, ob de Link net express op der Säit opgedaucht wier, fir ze testen, ob sech iwwerhaapt nach ee fir d'Corona-Statistik interesséiert. De Ministère géing aktuell der Ursaach vum Feeler op de Grond goen.