Laut enger Forsa-Ëmfro huet all 2. Däitschen Angscht un Hautkriibs ze erkranken, mä just all 3. benotzt Sonnecrème.

Fir d'Ëmfro, déi en Donneschdeg verëffentlecht gouf, goufen dausend Mënschen an Däitschland befrot. Ronn 35% vun alle Befroten hunn uginn, Sonnecrème héchstens fir besonnesch Uläss ze benotzen, zum Beispill wa se an d'Vakanz oder an eng oppe Schwämm ginn.
Ronn 60% empfannen d'Acrèmen als opwänneg a méi wéi d'Hallschent huet zouginn et heiansdo mol komplett ze vergiessen.

Och medezinesch Servicer zur fréier Erkennung vu Kriibs ginn insgesamt nach ze wéineg genotzt. Hautkriibs kann dacks schonn am jonken Erwuessenenalter optrieden, mä trotzdeem hu bal 28% vun alle Befroten uginn, sech nach ni ënnersiche gelooss ze hunn.

D'Gefor un Hautkriibs ze erkranken, kann duerch eng ganz Rei Facteure vergréissert ginn. Laang Openthalter an der Sonn oder Sonnebränn, dacks schonn an der Kandheet oder an der Jugend, spillen hei eng entscheedend Roll. Mä och dat reegelméissegt Opsiche vu Solariume kann d'Chance vergréisseren, am Laf vum Liewen un Hautkriibs ze erkranken.