Zäit an der Natur, dat kann neierdéngs a Kanada vum Dokter als medezineschen Traitement verschriwwe ginn, ënnert der Bezeechnung "Park prescription".

Et handelt sech heibäi deemno net ëm e Medikament als Solches, ma ëm eng dréngend Recommandatioun, sech am Déngscht vun der Gesondheet mol méi laang an der frëscher Loft opzehalen. Dat eenzegt wat ee brauch ass Zäit. Fir dass et wierkt, mussen d'Patiente sech 2 Stonnen d'Woch reservéieren, all Kéiers op d'mannst 20 Minutten um Stéck.

Ween esou e Rezept verschriwwe kritt an an der Géigend vun engem Nationalpark lieft, huet Usproch op e gratis Entréesticket. Déi kanadesch Parkverwaltungen hunn de Projet mat initiéiert.

Zanter Februar hu sech scho 4.000 Dokteren, Psychologen an aner Gesondheetsexperte registréiert, fir hire Patienten esou en Openthalt an der Natur verschreiwen ze dierfen. Wéi vill der bis elo verdeelt goufen, kann aus Dateschutzgrënn net ermëttelt ginn.